1. ONG "Solidaritéit mat den Heescherten" warnt viru Canicule-Geforen fir sans-abris'en
2. Polen wielt en neie President
3. Verschäerfte Grenzkontrollen: däitsch Police zitt positiven Tëschebilan
4. PSG gewënnt Championsleague
--------
8:29
Panorama
1. D’Generalversammlung vun der Jeeërfederatioun, de Moien, zu Mäerzeg stoung am Zeeche vun der Schwéngspescht, vum Klimawandel a vum Wëldbestand, deen ze héich wär. D’Assemblée générale huet donieft d’Mandat vum President Jo Studer verlängert.
2. Déi vum US-President Donald Trump annoncéiert weider Stroftaxen op Stol an Aluminium gi vun der EU staark bedauert. Et wär een awer prett fir z’äntweren, huet et och vu Bréissel geheescht.
3. Nom gudde Freiden huet de Samsde fir Lëtzebuerg nach méi Mëdaile bruecht op de Spiller vun de klenge Länner an Andorra, an de Brit Simon Yates gewënnt um zweetleschten Dag den Giro d’Italia am Cyclissem: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.
--------
8:24
Mëttespanorama
1. 18. Editioun vum Nuetsmarathon haut
2. Léon Gloden diskutéiert mat däitschem Homolog iwwer Grenzkontrollen
3. Singapur: Suite vun der Secherheetskonferenz
4. Andorra: Leschten Dag vun de Spiller vun de klenge Länner
--------
9:51
Moiespanorama
1. Léon Gloden schwätzt mam däitschen Inneminister iwwer Grenzkontrollen
2. Haut ass déi 18. Editioun vum Marathon an der Stad
3. Singapur: Suite vun der Secherheetskonferenz
4. Russland nennt nei Conditiounen fir Wafferou mat der Ukrain
5. Nationsleague: Rout Léiwinnen kommen engem Opstig méi no
--------
10:20
Panorama
1. Op engem Parking zu Mamer koum et e Méindeg zu enger gewaltsamer Ausenanersetzung tëschent Jonken. E jonke Mann gouf vun enger Dosen aneren zerschloen: Ee vun den Ugräifer sëtzt an Untersuchungshaft
2. E Méindeg kéint et zu Istanbul an der Tierkei zu weideren direkte Gespréicher tëschent Ukrainer a Russen iwwer den Ukrainkrich kommen, seet Moskau. Fir d’Ukrainer wëllt Russland allerdéngs e Virbereedungspabeier dofir net erausrécken
3. Et war e gëllenen Nomëtteg fir d’Lëtzebuerger Sportler:innen op de Spiller vun de klenge Länner an Andorra. Kuerz noeneen hunn nämlech d’Dëschtennis-Dammen, d’Tennis-Dammen an d’Tennis-Hären allkéiers Gold gewonnen